déi Lénk begréissen ausdrécklech dass de Gilles Zeimet net méi Direkter vum CNA ass. Duerch seng Demissioun, déi no langer an haartnäckeger Oppositiounsaarbecht vun déi Lénk erreecht gouf, kann den CNA elo an eng hoffentlech besser Zukunft starten.
D’Demissioun vum Gilles Zeimet als Direkter vum CNA war déi logesch Konsequenz vun der Oppositiounsaarbecht vun déi Lénk. Eis déifgräifend Analys huet kloer gewisen, datt den eemolegen Direkter vum CNA d’Deputéiert vun der Kulturkommissioun ugelunn huet. Souwuel d’Ausmooss wéi och d’Dauer vum Klimatisatiounsproblem an der Ausstellung Family of Man zu Klierf gouf erofgespillt. De Risiko dass de wichteg Wierker beschiedeget goufen ass ganz reell!
déi Lénk begréissen och dass de Minister sech an der Kommissiounssëtzung vum 26. Abrëll fir seng Falschaussoen am Interview op RTL entschëllegt huet. Mee et ass och wichteg elo ze soen, dass mat der Demissioun vum Gilles Zeimet den Dossier net ofgeschloss ass. De Minister Eric Thill huet ugekënnegt dass et elo „seng Prioritéit“ wier ze kucken dass gutt Ausstellungsbedéngunge fir d’Family of Man Fotoen an Zukunft solle garantéiert ginn. Et ass wichteg, dass et bei esou enger wäertvoller Ausstellung net bei eidele Wierder bleift.
Et ass genau esou wichteg, dass de grave Problem vun de schlechten Aarbechtsbedéngungen a vum schlechten Aarbechtsklima am CNA zu Diddeleng elo ganz eescht geholl gëtt. De Gilles Zeimet hat an der Chamber iwwer d’Family of Man gelunn, déi schlëmm Beschreiwung iwwer d’Aarbechtsklima am CNA mussen elo ëmsou méi eescht geholl ginn.
déi Lénk bleift an dësem um Ball. Den CNA ass eng Administratioun déi eng wichteg Roll an der Conservatioun vun, an am Accès op den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg ze spillen huet. Si muss d’Moyenen hunn, fir dësem Roll gerecht ze ginn.
Avec la démission de Gilles Zeimet, le dossier n’est pas clos.
déi Lénk se félicitent expressément du fait que Gilles Zeimet ne soit plus directeur du CNA. Grâce à sa démission, obtenue après un long et tenace travail d’opposition de déi Lénk, le CNA peut désormais entamer, espérons-le, une meilleure phase de son avenir.
La démission de Gilles Zeimet en tant que directeur du CNA était la conséquence logique du travail d’opposition de déi Lénk. Notre analyse approfondie a clairement montré que l’ancien directeur du CNA a menti aux députés de la commission de la Culture. Tant l’ampleur que la durée du problème de climatisation dans l’exposition Family of Man à Clervaux ont été minimisées. Le risque que des œuvres importantes aient été endommagées est bien réel !
déi Lénk saluent également le fait que le ministre se soit excusé, lors de la réunion de commission du 26 avril, pour ses déclarations erronées dans une interview sur RTL. Mais il est aussi important de dire que, avec la démission de Gilles Zeimet, le dossier n’est pas clos. Le ministre Eric Thill a annoncé que sa « priorité » était désormais de veiller à garantir de bonnes conditions d’exposition pour les photographies de Family of Man à l’avenir. Il est essentiel que, pour une exposition aussi précieuse, cela ne reste pas de simples paroles.
Il est tout aussi important que le grave problème des mauvaises conditions de travail et du climat de travail dégradé au CNA à Dudelange soit désormais pris très au sérieux. Gilles Zeimet a menti à la Chambre au sujet de Family of Man ; les descriptions préoccupantes du climat de travail au CNA doivent donc être prises d’autant plus au sérieux.
déi Lénk continuera de suivre ce dossier de près. Le CNA est une administration qui a un rôle important à jouer dans la conservation et l’accès au patrimoine audiovisuel du Luxembourg. Elle doit disposer des moyens nécessaires pour remplir cette mission.